Sonndes den 29 Juni 2025 E flotten Dag op eiser schéiner Musel mat engem gudden Iessen am Restaurant La Tourelle ënnert der musikalescher Begleedung vum Bumski.
Fotos
De 6.4.25 hate mir ons Assemblée Générale am Parc Hotel zu Dommeldange. Ons Presidentin huet all d‘Aktivitéite vum leschte Joer ernimmt, an déi nei Evenementer fir dëst Joer virgestallt. Den Tresorier huet ons d‘Zuele presentéiert. An de Secretaire adjoint huet kuerz iwwert d‘Ännerunge vun de Statutë geschwat.
An e puer Spideeler zu Lëtzebuerg waren deen Dag verschidde Stänn present fir iwwert d‘Nieren z‘informéieren. D’Leit konnte sech iwwer den aktuellen Zoustand vun hiren Nieren teste loossen. Och ass iwwert déi richteg Ernärung opmierksam gemaach ginn an e puer gutt Häppercher sinn zerwéiert ginn. Mir waren och am CHL an am […]
Spinning 13.10.2024 LUXEXPO THE BOX war och dëst Joer rëm gutt gefëllt. Fir Journée Mondiale du Don d’Organes ze ennerstëtzen hunn 1140 Léit Deel geholl.
E Sonndeg den 30. Juni hu mir e schéine gemittlechen Dag bei engem gudde Maufel an interessante Gespréicher verbruecht.
Den 21. Abrëll hate mir ons Generalversammlung am Parc Hotel Alvisse. Ons Presidentin huet iwwer d’Aktivitéite vun 2023 an iwwer de Programm fir 2024 geschwat. Den Tresorier huet ons iwwer d’Zuele vum leschte Joer informéiert. E ganz grousse Merci fir de Scheck vun der Amicale des anciens du F.C. Amis des Sports […]
Weltnierendag de 14.03.2024 Journée Mondiale du Rein World Kidney Day Mir hu matgemaach bei der Sensibiliséierungs- a Präventiounskompagne am:– CHL– CHEM– Hôpitaux Robert Schuman Kirchberg