Ee wichtegt medezinescht a mënschlecht Theema ass dee vun der Dialyse. Fir vill Betraffener bedeit dat net nëmmen eng Behandlung, mee och eng grouss Ëmstellung an hirem Alldag. De Begrëff Dialyse ass dann och Fir vill Leit ee Begrëff, deen een zwar kennt, mee net genee kann aschätzen, wann een nach ni […]
Fotos
Mir waren net nëmmen op der Emaischen vertruede , mir haten dëst Joer vir d’éischte Kéier eisen egene Stand.
Bei Luxtransplant si Grouss a Kleng dëst Joer matgaang fir Dialyse Patiente Lëtzebuerg den 22.03 2026 ze vertrieden.
Eis Assemblée Générale war dëst Joer am Restaurant bei den Zwillingen um Golf zu Jonglënster. Nodeems all Punkt vum Ordre du jour beschwaat gi wor hu mir bei engem gudde Maufel nach puer flott Stonne matenee verbruecht.
Sonndes den 29 Juni 2025 E flotten Dag op eiser schéiner Musel mat engem gudden Iessen am Restaurant La Tourelle ënnert der musikalescher Begleedung vum Bumski.
De 6.4.25 hate mir ons Assemblée Générale am Parc Hotel zu Dommeldange. Ons Presidentin huet all d‘Aktivitéite vum leschte Joer ernimmt, an déi nei Evenementer fir dëst Joer virgestallt. Den Tresorier huet ons d‘Zuele presentéiert. An de Secretaire adjoint huet kuerz iwwert d‘Ännerunge vun de Statutë geschwat.
An e puer Spideeler zu Lëtzebuerg waren deen Dag verschidde Stänn present fir iwwert d‘Nieren z‘informéieren. D’Leit konnte sech iwwer den aktuellen Zoustand vun hiren Nieren teste loossen. Och ass iwwert déi richteg Ernärung opmierksam gemaach ginn an e puer gutt Häppercher sinn zerwéiert ginn. Mir waren och am CHL an am […]
Spinning 13.10.2024 LUXEXPO THE BOX war och dëst Joer rëm gutt gefëllt. Fir Journée Mondiale du Don d’Organes ze ennerstëtzen hunn 1140 Léit Deel geholl.