An e puer Spideeler zu Lëtzebuerg waren deen Dag verschidde Stänn present fir iwwert d‘Nieren z‘informéieren. D’Leit konnte sech iwwer den aktuellen Zoustand vun hiren Nieren teste loossen.
Och ass iwwert déi richteg Ernärung opmierksam gemaach ginn an e puer gutt Häppercher sinn zerwéiert ginn. Mir waren och am CHL an am HRS um Kierchbierg present mat engem Stand wou d’Leit sech iwwert ons Associatioun informéiert hunn.