Vianden 2014

Wéi all Joer invitéieren mir iech an äre Partner/in sou wie Pfleger/innen aus der Dialyse

Dokteren an Taxichauffeuren ob e klengen Ausflug!

Dëst Joer bleiwe mir am Ländchen a lossen ons matt engem flotten Bus kutschéieren!

Et geet fort, den 24. August um 09.15 hrs bei der Gëlle Fra an der Stad a Richtung Veianen,

wou mir eng Paus maachen an am Restaurant “Beim Hunn” de Mô schaffen doen.

Géint 14.30 hrs geet et virun op Iechternach, wou mir en Halt maachen an ons Féiss e besse vertrieden.

No ca 3 Stonnen huele mir de Bus den ons zeréck an Stad brëngt.

Daat ganzt get vun der Firma Demy Schandeler organiséiert, die seit Juli dest Joer dese

Service ubid an et nennt sech „Hop On Hop Off“.

Mir hoffen dir sid erem all dobei a fréen ons schons ob är Umeldungen. Gitt ons déi esou séier

wie méiglech eran!

Entweder per Mail op www.dialyse.lu oder schéckt ons de Coupon zeréck.

Dir kennt en och an der Dialyse beim Martine ofgin.

An daat alles bis spéitestens den 15. August.