Generalversammlung 2023 mat Scheckiwwerreechung

Sonndes, den 23. Abrëll, hate mir ons Assemblée Générale am Restaurant Kohn zu Altwies.

Nodeems Présidentin Sandra Chrisnach eis iwwert all déi interessant Aktiviéiten vum leschte Joer geschwat hat, huet se och d’Aktivitéite fir dëst Joer ernimmt.

De Carlo Chrisnach, Thésorier, huet ons op de leschte Stand vun de Finanze bruecht.

Dono krute mir vum President Charel Wirtz vun der Amicale des Anciens Amis des Sports Lëtzebuerg-Fëschmaart e Scheck am Wäert vun 2.000 iwwerreecht.

De Rescht vum Mëtteg ass dunn bei engem gudde Maufel gemittlech verbruecht ginn.